Spass mat dem déiwen Holz!

Kontrabassklarinett a SiB

Ech seet den Iesel beim Spillen op der Kontrabassklarinett Kontrabassklarinette Leblanc Modell 340 'Paperclip'

D'Kontrabassklarinett a SiB ass déi déifste Klarinett, déi och eng gewësse Verbreedung fonnt huet. Et existéieren anscheinend och nach méi déif Klarinetten wéi d'Octokontraalt- an d'Octokontrabassklarinett, awer déi gëtt et wuel nëmmen als Prototyp an iergendwellechen Museeën... Obschons... reize géif et mech schon, fir op sou enger Päif ze spillen!

D'Kontrabassklarinett gëtt dacks am Klarinettekouer agesat, a mëttlerweil gëtt et och ëmmer méi Literatur fir Harmonieorchester, bei der d'Kontrabassklarinett besat ass. An der Regel ass dat de Fall bei Stécker ab Schwieregkeetsgrad 5, heiandso och schon bei Grad 4. Ee vun den méi bekannte Beispiller wou d'Kontrabassklarinett e groussen Optrëtt huet, den een och héiert, sin d'"Fantasy Variations on a Theme by Paganini" vum James Barnes. De Barnes benotzt d'Technik vum Thema a Variatioun, fir all Instrument resp. Regëster vum Harmonieorchester virzestellen - an domat glécklecherweis och d'Kontrabassklarinett. Genaugeholl huet de Barnes de Solo fir d'Kontraaltklarinett a MiB geschriwwen, an ech hu mer mol erlaabt, fir en op der mé déiwer Kontrabassklarinett ze spillen. Dat kléngt besser an eliminéiert en ellenen Oktavsprong an der Melodieféierung. Virwëtzeg? Hei ass en MP3 Clip mat dësem Kontrabassklarinettesolo, en Extrait aus engem Live-Matschnëtt vun 2005.

Leblanc Model 340 Paperclip BBb Contrabass Clarinet

D'Klarinett op de Fotoen ass eng Leblanc 340 "Paperclip" aus den 1980'er Joeren. Si geet notéiert bis op den déiwen Do, also kléngend Si Bemol mat respektablen 29,27 Hz. OPGEPASST: Bei sou déiwen Téin gëtt d'Siicht op d'Nouteblat onschaarf, wëll de ganze Kapp matvibréiert. Nach e bësse méi forte, an du gesäis d'Stären... An dat Instrument huet och Potential fir Witzbolden: Wann den Touningenieur grad säi Geschiir duerchtest, recommandéieren ech fir op der déiwer Stränz en déiwe La an engem relaxen mezzopiano mat Hëllef vun Zirkularotmung iwwert e puer Minutten laang ze spillen. De Pseudo 50 Hz Brummtoun wärt dem Tounfuzzi sécher gefalen :-)

Ze ernimmen wier och nach, dass an den Fantasy Variations och d'Bassklarinett eng Kéier run därf. Dat kléngt dann esou: Bassklarinettensolo. Den Extrait kënnt vun der selwechter Opnahm.

Sou, a wien elo nach net genuch vun déiwen Holzblosinstrumenter huet, dem recommandéieren ech folgend Säiten:

Oberteil der Leblanc Kontrabassklarinette

Nach Froën? Da wann ech gelift hei klicken.

Op dene méi ale Fotoen sin ech mat enger Fagottistin ze gesin, déi och mol géren sech mam Kontrafagott ameséiert. Wat méi déif, wat besser. Op dene Fotoen ass dann och gudd ze gesin, dass d'Rouerlängt beim Fagott duebelt dou laang ass wéi bei der respektiver Klarinett, obschons béid Instrumenter genau d'selwech déif erof kommen. Dat läit dorun, dass d'Klarinett eng zylindresch Perce huet an sech wéi eng gedackte Päif behëllt, bei der d'Resonanzfrequenz d'Halschent vun dem ass, wat en oppe Päif mat der selwecher Längt hätt.

Kontrabassklarinett a SiB & Kontrafagott

Leblanc Model 340 'Paperclip' BBb Contrabass Clarinet and Amati Contrabassoon being played
BBb contrabass clarinet and a contrabassoon being shown